Chronik LU
Chronik DE
Chronik FR

 

Harmonie Municipale Bascharage

Association sans but lucratif fondée en 1872
Classée en Division Excellence
Affiliée à l’Union Grand-Duc Adolphe


Zenter September 1995 , déi eischt Prouf war iwregens den 19.09.1995, huet d’Musek Spezialprouwen fir jonk Musikanten ennert der Direktioun vum Georges Antony, häitegen sous-chef vun der Musëk organiseert. D’Prouwen ginn all Fräidegowend am Museksall vun 7 bis 8 Auer ofgehalen. Vum zweeten Joer Instrumentecours an der Musekschoul un kënnen d’Musekschüler dohinner kommen an Musek machen.
De Numm ”Jongbléiser Käerjeng” krute sie kurz Zäit no hirer Grënnung. Hir Uniform ass e roude T-Shirt mat donkler Jeans.
Bäi den Optrëtter si sie e Grupp vun 20 bis 25 Musikantinnen an Musikanten am Alter vun 8 bis 20 Joer. Optrëtter haten Sie bäi verschiddenen Manifestatiounen zu Nidderkäerjéng, Dippech, Béteburg, Lamadelaine, Rodange, Dikkerech, Scheffleng asw. Hire Repertoire besteet aus lichte moderne Stëcker.
Um Concours pour Formations de Jeunes organiséiert vun der UGDA den 25. Mä 2006 hun se 2 éischt Präisser mat Auszeechnung an der Categorie C kritt.
Während enger Rei vu Joeren hun d’HMB-Supporter « Frenn vun der Käerjénger Musekgët » eng “Journée des Jeunes Musiciens” organiséiert, wou wärend engem Sondennomëtten verschidden Jongmuseken mat groussem Erfolleg opgetratt sinn.
D’Partituren kréien d’Jongbléiser vun den HMB-Supporter « Frënn vun der Käerjénger Musek » gestëfft.
Zënter dem September 2009 huet de Sven Drui d’Direktioun vun de Jongbléiser iwerholl. Fir de Perkussiounsgrupp steet him den Tom Scholtes zur Säit.
Am September 2014 huet den Damien Muller d'Leedung vun deene Jonken iwerholl.

 


| Last Update: 09.09.2016 by webmaster | Copyright by Harmonie Municipale Bascharage a.s.b.l. |
| Kontakt | Info |

Follow @hmbascharage