KANNERFLOUMAART IN CONCERT
Allgemeng Informatiounen a wéi kann ech matmaachen ?
Wéini – Wat – Wou ?
Sonndes, de 8. Februar 2026, am Käerjenger Treff
Opbau vun de Stänn: ab 10:00 Auer
Verkaf: 11:00 Auer – 16:00 Auer
Ofbau vun de Stänn: ab 16:00 Auer
Wat ka verkaf ginn ?
Gutt erhale Spillsaachen, Kannerkleeder, Verkleedsaachen, Bicher, pädagogesch Spiller, Gesellschaftsspiller, Kannerfilmer (DVD/Blu-ray/etc.);
Standgebühr :
Reservéiere vun 2x Dësch (L170cm x B70cm) ass 10.- €.
Ze iwwerweisen op eise Kont:
BCEELULL LU62 0019 6900 0137 5000 mam Vermierk „Kannerfloumaart + Numm + Virnumm“.
Iessen & Gedrénks
Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag iwwer gesuergt. Ënner anerem gëtt och e waarme Plat ugebueden. Um Menü sti Fritten & Gegrills. Eng Reservatioun am Viraus ass fir d’Iessen net néideg.
Animatioun:
De ganzen Dag ass fir Animatioun (z.B. Facepainting) gesuergt. Des weidere bidde verschidde Kannerensemblen (Orchester & Chorale) nierft engem flotten Aperitif-Concert, och weider kleng Concerten iwwert den Nomëtte verdeelt un.
UMELDUNG:
Fir Iech unzemellen, fëllt w.e.g. de Formulaire aus a maacht eng Iwwerweisung vun den 10 € Standgebühr. Doduerch ass d’Reservéierung fest. Dir kritt selbstverständlech eng Confirmatioun.
Wann Dir soss nach Froen hudd, maacht eis och einfach eng Mail op secretaire@hmbascharage.lu. Mir wäerten eis da schnellstméiglech mat Iech a Verbindung setzen.
Mir freeën eis iwwert Är Bedeelegung un dësem flotten Event.