Eis Harmonie

Ee Stéck Geschicht

Association sans but lucratif, gegrënnt 1872
Klasséiert an der Division Excellence
Affiliéiert un d’Union Grand-Duc Adolphe

Et war am Joër 1872 wéi e puer Käerjenger Leit zesumme koumen an e Gesangveräin gegrënnt hunn, deen als Ziel hat, d’Gesellegkeet an d’Léiere vum Gesang ze förderen. Als Merci a Veréierung vis-à-vis vum Herrscherhaus “Oranien-Nassau” hu sie him den Numm “ORANIA” ginn. E puer Joër méi spéit, 1875 no engem Concert vun der Escher Musek ass beschloss ginn de Gesangveräin an eng Museksgesellschaft ëmzeänneren. D’Fanfare “ORANIA” war gebuer an de J.P. Wagner war éischte Präsident. De Félix Krein, Chef vun der Escher Musek, ass als éischten Dirigent agestallt ginn.

Am Joër 1900 hat d’Fanfare “ORANIA” de Courage fir sëch mat hierem Dirigent August Klein zu Miersch un engem Concours ze bedeelegen an ass dofir mat zwee éischte Präisser an der zweeter Klass, drëtt Sektioun, belount ze ginn. 1905 sinn um Concours zu Rëmeleng zwee éischt Präisser an der zweeter Klass erausgefall, och dat ënnert dem Dirigent August Klein.

1912 ass dunn ënnert dem Dirigent Frisch aus der Fanfare d’Harmonie “ORANIA” ginn. No engem weidere Concours 1928 zu Lëtzebuerg mam Dirigent Jean Stein ass 1950 zu Diddeleng eng Astufung an der éischter Divisioun, Sektioun B ënnert dem Dirigent Emile Hoffmann gelongen.

Weider waren et Bedeelegungen op de Concoursen 1956 zu Esch an 1960 zu Stengefort. Den definitiven Opstieg an d’éischt Divisioun, Sektioun A, gouf 1961 erreecht um Concours zu Ettelbréck ënnert der Direktioun vum Emile Hoffmann.

No engem Regionalconcours zu Kanech 1966 ass 1967 zu Bieles den Opstieg an d’Division Supérieure, an 1968 zu Dikkerech e weideren Opstieg an d’Division Excellence ënnert dem Dirigent Emile Hoffmann erreecht ginn, dat Ganzt mat der Note “Excellence”.

Am kader vum 100. Anniversaire vun der Musek huet de Buergermeeschter Robert Steichen der Musek den Titel “Harmonie Municipale Bascharage” ginn. Den éischten Optrëtt vun den Oraniabléiser war de 17.09.1972 bei engem Concert am Jongenheem zu Betten op der Mess.

Musek kritt Verstärkung

1973: Concours am neien Theater zu Lëtzebuerg mat enger ausgezeechneter Leeschtung an der Division Excellence mam Dirigent Antoine Cipriani. 1978: Aweiung vum neie Musekssall hannert der Gemeng. Bei weidere Concoursen 1981 zu Schëffleng mam Dirigent Peter Lagendijk, 1986 mam Dirigent Fernand Drees an 1996 zu Sandweiler mam Dirigent Marc Sosson huet d’Musek ëmmer mat beschte Resultater an der Division Excellence ofgeschnidden. 17.10.1991: Grënnung vum Supporterclub “HMB-Supporter, Frënn vun der Käerjenger Musek”.

19.09.1995: Organisatioun vu Spezialprouwen fir déi jonk Musekanten ënnert der Direktioun vum Georges Antony an domat Grondsteeleeung fir d’Jongbléiser Käerjeng déi zanterhir all Joër e puer Concerten spillen. Sie sinn d’Zukunft vun der Musek. An der aussergewéinlecher Generalversammlung vum 24.01.1997 ass d’Musek als “Association sans but lucratif” definéiert ginn.

Säit dem September 2011 ass et den Alain Baustert, deen d’Musek dirigéiert.

Neien Impuls
Gala Show Concert

Ennert dem Impuls vum Dirigent Jos Scholtes huet Musek mat groussem Succès zanter dem Joër 1999 all Joër e Gala-Show Concert mat Solisten an Attraktiounen organiséiert. Am Ufank waren dëss Concerten an der Hal 75, vun 2006 bis 2017 an de Sales Halen op Bommelscheuer, an ab 2018 am Käerjenger Treff.