Eis Jongbléiser

Zanter 1995

Zanter September 1995, déi eischt Prouf war iwwregens den 19.09.1995, huet d’Musek Spezialprouwen fir jonk Musekanten organiséiert, deemols ënnert der Direktioun vum Georges Antony, häitegen Sous-chef vun der Musek. Vum zweete Joër Instrumentecours an der Musekschoul un kënnen d’Musekschüler dohinner kommen a Musek maachen. Den Numm “Jongbléiser Käerjeng” krute sie kuerz Zäit no hirer Grënnung.

Bei den Optrëtter si sie e Grupp vun 10 bis 15 Musekantinnen a Musekanten am Alter vun 8 bis 20 Joër. Optrëtter hu sie bei verschiddene Manifestatiounen queesch uechtert d’Land. Hire Repertoire besteet aus lichten a moderne Stécker. Um Concours pour Formations de Jeunes organiséiert vun der UGDA de 25. Mee 2006 hu sie zwee éischt Präisser mat Auszeechnung an der Categorie C kritt.

Journée des Jeunes Musiciens

Während enger Rei vu Joëren hunn d’HMB-Supporter “Frënn vun der Käerjenger Musek” eng “Journée des Jeunes Musiciens” organiséiert, wou während engem Sonndegnomëtten verschidde Jongmuseken mat groussem Erfolleg opgetruede sinn. Haut ass et déi grouss Musek, déi an Zesummenaarbecht mat de Jongbléiser all Joer e Jugendmuseksdag organiséiert, wou verschidden Gäscht zesumme mat eise Jongbléiser musizéieren.

D’Partituren kréien d’Jongbléiser vun den HMB-Supporter “Frënn vun der Käerjenger Musek” gestëfft. Zanter Oktober 2019 ass et de Yannick Hut, deen d’Leedung vun deene Jonken huet.