HMB Supporter

Gegrënnt de 17. Oktober 1991, sinn d’HMB-Supporter “Frënn vun der Käerjenger Musek” säit iwwer 25 Joër eng grouss Ënnerstëtzung fir eise Veräin. Als Supporterclub finanzéieren sie en Deel vun eisen Instrumenter, sou wéi och d’Partiture vun de Jongbléiser.

Niewebäi suergen d’Supporter och fir de Catering op enge sëllechen Evenementer, wéi dem Gala Concert, dem alljährlechen Cäcilieniessen, an deenen diverse Stänn um Chrëschtmaart, op der Porte Ouverte vun der Musekschoul, um Hierschtmaart etc. Mat genau deenen Aktivitéiten kënnen sie d’Ënnerstëtzumg vun der Harmonie an de Jongbléiser dann och finanzéieren.

HMB SUPPORTER

Den 19. Mäerz 2017 war dann och déi offiziell 25 Joër Feier vun den HMB Supporter zu Käerjeng am Restaurant “Le pigeonnier”. E klengen Androck vun deem Owend fannt dir an eiser Galerie.

Vum éischten Dag un war et d’Paulette Krier, wat als Präsidentin de Veräin dirigéiert huet. Um Galaconcert 2017 huet d’Paulette awer bekannt ginn, dass et no engem véirels Joërhonnert géif duer goën an huet offiziell säi Récktrëtt bekannt ginn. 2019 op der Generalversammlung huet d’Sonja Wampach sech awer bereet erkläert, déi Positioun ze iwwerhuelen.