KANNERFLOUMAART IN CONCERT
Allgemeng Informatiounen a wéi kann ech matmaachen ?
Wéini – Wat – Wou ?
Sonndes, de 8. Februar 2026, am Käerjenger Treff
Opbau vun de Stänn: ab 10:00 Auer
Verkaf: 11:00 Auer – 16:00 Auer
Ofbau vun de Stänn: ab 16:00 Auer
Wat ka verkaf ginn ?
Gutt erhale Spillsaachen, Kannerkleeder, Verkleedsaachen, Bicher, pädagogesch Spiller, Gesellschaftsspiller, Kannerfilmer (DVD/Blu-ray/etc.);
Standgebühr :
Reservéiere vun 2x Dësch (L170cm x B70cm) ass 10.- €.
Ze iwwerweisen op eise Kont:
BCEELULL LU62 0019 6900 0137 5000 mam Vermierk „Kannerfloumaart + Numm + Virnumm“.
Iessen & Gedrénks
Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag iwwer gesuergt. Ënner anerem gëtt och e waarme Plat ugebueden. Um Menü sti Fritten & Gegrills. Eng Reservatioun am Viraus ass fir d’Iessen net néideg.
Animatioun:
De ganzen Dag ass fir Animatioun (z.B. Facepainting) gesuergt. Des weidere bidde verschidde Kannerensemblen (Orchester & Chorale) nierft engem flotten Aperitif-Concert, och weider kleng Concerten iwwert den Nomëtte verdeelt un.
Umeldungen
Et ass net méi Méiglech fir een Dësch ze reservéieren.
Wann Dir soss nach Froen hudd, maacht eis och einfach eng Mail op secretaire@hmbascharage.lu. Mir wäerten eis da schnellstméiglech mat Iech a Verbindung setzen.
Mir freeën eis iwwert Är Bedeelegung un dësem flotten Event.