No villen Onsecherheeten wéinst der Raupeplo vum leschte Joer, kruten d’Veräiner gréng Luucht vun der Gemeng fir och dëst Joer hier Bëschfester am Bommertbësch ofzehalen.
D’Käerjenger Musek huet de Week-End vum 11ten an 12te Mee den Optakt vun der Saison mat hierem Bëschfest gemaach. Och wann d’Wieder eis Samschdes e Strëch duerch d’Rechnung gemaach huet, konnte mir Sonndes bei bloem Himmel awer vill Leit am Bësch begréissen. De ganz jonken Jazzquartett « Quatharsis » huet fir de musekaleschen Encadrement während dem Apéritif gesuergt.
Am Nomëtten war dann eng Quizronn, wou ganz vill Leit matgemaach hunn a wou et ganz flott Präisser ze gewanne gouf. De ganzen Dag war och fir d’Kanner gesuergt, mat Facepainting, Béckseschéissen, Diaboloatelier a Spill- a Moleck.
Um 17h30 hunn d’Käerjenger Jongbléiser dann och nach e Concert zum Beschte ginn.Alles an allem war et e gelongene Week-End. Hei geet et bei d’Fotoen.