Eis Jongbléiser

Zanter 1995

Et war am September 1995, wéi den deemolegen an och nach haitege Sous-Chef vun der Musek, den Här Goerges Antony déi éischt Prouf fir jonk Musikant·innen gehalen huet.

Ënnert dem Numm „Käerjenger Jongbléiser“ hunn dunn ëmmer erëm aner Zesummestellunge vu jonke  Musikant·innen  am Alter tëscht 8 an 20 Joer bis 2023 vill flott Concerte queesch uechtert d’Land gespillt.

Wéi et am Liewe spillt, sou spillt et och a jonken Orchesteren, aus Kanner gi Leit. Sou koum et dann och, dass vill jonk Musikant·innen entretemps an der grousser Musek spillen an och duerch Studien a Beruffsliewen d’Jongbléiser hannert sech gelooss hunn.

Neistart

D´lescht Joer dierfte mir da ganz nei duerchstarten, an dat ënnert dem momentanen Numm: “Käerjenger Piipserten”. Eng ganz jonk Equipe, wou déi meescht eréischt 2024 mat +/- 8 Joer ugefaangen hunn, spillt elo all Dënschden ënnert der Leedung vum aktuelle Chef vun der Harmonie Municipale Bascharage, dem Här Alain Baustert, wärend enger hallwer Stënnchen e puer kleng flott a modern Stécker a hunn esou Geleeënheet och scho ganz jonk d’Erfarung ze maache wéi vill Spaass et mécht mat Kolleegen zesummen an engem klengen Ensembel ze musizéieren.

Entretemps konnten d´Käerjenger Piipserten och e puer méi grouss Kanner begeeschteren. Si prouwen ëmmer Dënschdes, vun 19h00 bis 19h30 – ausser an de Schoulvakanzen – a si freeë sech iwwert all jonke Musikant a jonk Musikantin déi Loscht hu bei hinne matzemaachen.

Méi Infoen dozou fannt Dir op hei beim Duerchforste vun eiser Homepage oder och op eiser Facebooksäit & op Instagram.