GALA SHOW CONCERT 2019 “ADVENTURES”

Samschdes den 30. Mäerz war eisen alljährleche Gala Show Concert am Käerjenger Treff. Wéi den Numm et scho seet, war u Show hei genuch gebueden, mat Special Guests, Komedie, Kostümer a Verkleedungen an natiirlech Musek. D’Thema vum Event war dëst Joer “Adventures”.

Als Solist hate mir dëst Joer de Percussionist Luc Hemmer op Besuch. Fir déi néideg Showeinlagen huet den Zauberer PaSCal gesuergt. De Raymond Kimmes huet duerch de Programm gefouert.

Et war e flotten Event an engem gutt gefëlltene Sall. Mir soen all de Leit Merci déi Musek op dësem wichtegsten Event vum Joër ënnerstëtzt hunn. Foten fannt dir an eiser Galerie.