JUGENDMUSEKSDAG 2020 AM TREFF

Um Sonnden, den 9. Februar hunn d’Käerjenger Jongbléiser erem op hieren traditionelle Jugendmuseksdag invitéiert. Lass goung dat Ganzt um 15h00 am Kulturhaus Käerjenger Treff. Fir eis Jongbléiser war dëst den éischten Optrëtt ënnert der Leedung vun hierem neien Dirigent, Yannick Hut.

Als Gäscht waren dëst Joer d’Foulschter Jugendmusik an d’Harmonie des Jeunes Prince Guillaume vun Déifferdeng op Besuch. Zum Ofschloss gouf et dann nach e Concert vun deenen 3 Jugendensemblen zesummen. Hei geet et bei d’Fotoen.