Kannerfloumaart 2025

KANNERFLOUMAART IN CONCERT

Allgemeng Informatiounen a wéi kann ech matmaachen ?

 

Wéini – Wat  – Wou ?

Sonndes, de 9. Februar 2025, am Käerjenger Treff

 

Opbau vun de Stänn:        ab 10:00 Auer

Verkaf:                               11:00 Auer – 16:30 Auer

Ofbau vun de Stänn:         ab 16:30 Auer

 

Wat ka verkaf ginn ?

Gutt erhale Spillsaachen, Kannerkleeder, Verkleedsaachen, Bicher, pädagogesch Spiller, Gesellschaftsspiller, Kannerfilmer (DVD/Blu-ray/etc.);

 

Standgebühr :

Reservéiere vun 1x Dësch (L170cm x B70cm) ass 10.- €.

Ze iwwerweisen op eise Kont: 

BCEELULL LU62 0019 6900 0137 5000 mam Vermierk „Kannerfloumaart + Numm + Virnumm“.

 

Iessen & Gedrénks

Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag iwwer gesuergt. Ënner anerem gëtt och e waarme Plat ugebueden. Um Menü sti Fritten & Gegrills. Eng Reservatioun am Viraus ass fir d’Iessen net néideg.

 

Animatioun:

De ganzen Dag ass fir Animatioun (z.B. Facepainting / Zauberer) gesuergt. Des weidere bidde verschidde Kannerensemblen (Orchester & Chorale) nierft engem flotten Aperitif-Concert, och weider kleng Concerten iwwert den Nomëtte verdeelt un.

 

 

UMELDUNG:

Fir Iech unzemellen, maacht w.e.g. eng Mail un: secretaire@hmbascharage.lu. Mir schécken Iech dann den néidegen Umeldeformulair mat sämtleche wichtegen Informatioune per Mail. Mam Retour vum ënnerschriwwene Formulair an der Iwwerweisung vun den 10 € Standgebühr ass d’Reservéierung da fest. Dir kritt selbstverständlech eng Confirmatioun.

Wann Dir soss nach Froen hudd, maacht eis och einfach eng Mail op secretaire@hmbascharage.lu. Mir wäerten eis da schnellstméiglech mat Iech a Verbindung setzen.

Mir freeën eis iwwert Är Bedeelegung un dësem flotten Event.