KIERMES WEEK-END

Vum 13ten bis de 16. Mee war de verlängerte Kiermes Week-End zu Nidderkäerjeng. Dëss Kéier huet d’Musek den Hämmelsmarsch op Christi Himmelfahrt gespillt. Mir si mat engem Won duerch d’Stroossen vum Duerf gefuer, well déi traditionell Art a Weis duerch déi sanitär Mesuren net emzesetzen war. Trotzdem war et e grousse Succès. Mir soen der Käerjenger Karnevalsgesellschaft e grousse Merci fir d’Ausléinen vum Won a Chauffeur.

Um Kiermessonnden hu mir e Kiermesmenü Drive-In beim Käerjenger Treff organiséiert. D’Leit konnten sech am Viraus eis Spezialitéit “Ham am Schampes” bestellen an de Menü Sonndes gemittlech mam Auto bei den Treff siche kommen. Och dëst war en immense Succès a mir soë jiddferengem villmols Merci deen d’Musék esou grousszügeg ënnerstëtzt huet. Hei geet et bei d’Fotoen.