KRËSCHTCONCERT 2019 AN DER PORKIERCH

Zum Ofschloss vum Joer 2019 hate mir Sonndes, den 8. Dezember, eisen traditionelle Krëschtconcert an der Porkierch zu Nidderkäerjeng. E flotten an ofwiesslungsräiche Programm huet hei op déi méi besënnlech Zäit vum Joer agestëmmt.

Während dem Week-End vum 6. bis den 8. Dezember war vis-à-vis op der Place Claus Cito och de Käerjenger Krëschtmaart. Och hei ware mir mat engem Stand déi dräi Deeg vertrueden, mat Iessen a Gedrénks fir grouss a Kleng.

Dat war et fir dëst Joer. D’Käerjenger Musek wënscht jiddferengem schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer. Mir gesinn eis hoffentlech 2020 alleguer gesond a monter erëm.