BËSCHFEST 2019 AM BOMMERTBËSCH

No villen Onsecherheeten wéinst der Raupeplo vum leschte Joer, kruten d’Veräiner gréng Luucht vun der Gemeng fir och dëst Joer hier Bëschfester am Bommertbësch ofzehalen. D’Käerjenger Musek huet de Week-End vum 11ten an 12te Mee den Optakt vun der Saison mat hierem Bëschfest gemaach. Och wann d’Wieder eis Samschdes e Strëch duerch d’Rechnung gemaach huet, […]
1. MEE FEIER 2019

GALA SHOW CONCERT 2019 “ADVENTURES”

Samschdes den 30. Mäerz war eisen alljährleche Gala Show Concert am Käerjenger Treff. Wéi den Numm et scho seet, war u Show hei genuch gebueden, mat Special Guests, Komedie, Kostümer a Verkleedungen an natiirlech Musek. D’Thema vum Event war dëst Joer “Adventures”. Als Solist hate mir dëst Joer de Percussionist Luc Hemmer op Besuch. Fir […]
JUGENDMUSEKSDAG 2019 AM TREFF

E Sonndeg, den 10. Februar hunn d’Käerjenger Jongbléiser erëm op hieren Jugendmuseksdag invitéiert. Hei stung alles am Zeechen vun der Musek vu Jonken fir Jonker. Niewt de Käerjenger Jongbléiser waren dëst Joer d’Päreler Spatzen, d’Jugendmusek Zolwer an d’Young Harmonists & Mini Harmonists Diddeleng zu Gaascht. Als Ofschloss gouf et dann e klenge Concert vun deene […]
Vakanz Alsace & Bad Säckingen

Bëschfest

1. Mee Feier

Jugendmuseksdag

Gala Show Concert – Mascarade

Stage op Acker
