Krëschtmaart op der Place Claus Cito

08.12.2022 – 10.12.2022 Adress:Datéiert: 08.12.2022 – 10.12.2022 Beschreiwung: Mea in wisi utinam facilisi. Eu omnes nonumes reformidans sit, et eam aperiam pertinacia.Mea in wisi utinam facilisi. Eu omnes nonumes reformidans sit, et eam aperiam pertinacia.Mea in wisi utinam facilisi. Eu omnes nonumes reformidans sit, et eam aperiam pertinacia.

KIERMES WEEK-END

Vum 13ten bis de 16. Mee war de verlängerte Kiermes Week-End zu Nidderkäerjeng. Dëss Kéier huet d’Musek den Hämmelsmarsch op Christi Himmelfahrt gespillt. Mir si mat engem Won duerch d’Stroossen vum Duerf gefuer, well déi traditionell Art a Weis duerch déi sanitär Mesuren net emzesetzen war. Trotzdem war et e grousse Succès. Mir soen der […]

MG CLUB TREFFEN

E Sonnden. den 18, Abrëll hat d’Käerjenger Musek den MG Club Lëtzebuerg bei hierem alljährlechen Tuer duerch d’Land op Besuch. Mir hu fir de Kascht gesuergt a konnten e puer flott Momenter mateneen verbréngen. Hei gesitt dir e puer Fotoen vum Event.

KÄERJENGER KIERMES

2020 ass a bleiwt e speziellt Joër. Dëst Joër huet d’Käerjenger Musek den Hämmelsmarsch net an de Strossen vum Duerf gespillt, mee online. Et war eng flott Erfahrung, mee mir hoffen, dass mir am Joër 2021 erem kënnen vun Dier zu Dier goen. Bis dohin: Bleiwt gesond!

JUGENDMUSEKSDAG 2020 AM TREFF

Um Sonnden, den 9. Februar hunn d’Käerjenger Jongbléiser erem op hieren traditionelle Jugendmuseksdag invitéiert. Lass goung dat Ganzt um 15h00 am Kulturhaus Käerjenger Treff. Fir eis Jongbléiser war dëst den éischten Optrëtt ënnert der Leedung vun hierem neien Dirigent, Yannick Hut. Als Gäscht waren dëst Joer d’Foulschter Jugendmusik an d’Harmonie des Jeunes Prince Guillaume vun […]

KRËSCHTCONCERT 2019 AN DER PORKIERCH

Zum Ofschloss vum Joer 2019 hate mir Sonndes, den 8. Dezember, eisen traditionelle Krëschtconcert an der Porkierch zu Nidderkäerjeng. E flotten an ofwiesslungsräiche Programm huet hei op déi méi besënnlech Zäit vum Joer agestëmmt. Während dem Week-End vum 6. bis den 8. Dezember war vis-à-vis op der Place Claus Cito och de Käerjenger Krëschtmaart. Och […]

CÄCILIECONCERT 2019 AM TREFF

Samschdes, de 16.11.2019 hat d’Käerjenger Musek, zesumme mat hiere Jongbléiser den alljähregen Cäcilieconcert am Käerjenger Treff. Als Gaaschtmusek huet eis dëst Joer d’Fanfare Schuller-Sprénkeng ënnerstëtzt, dat Ganzt ënnert der Direktioun vum Didier Wein, dee jo och en aktive Käerjenger Museker ass. Et war e gutt besichten Owend an engem flotte Kader a mir soë jiddferengem […]

BËSCHFEST 2019 AM BOMMERTBËSCH

No villen Onsecherheeten wéinst der Raupeplo vum leschte Joer, kruten d’Veräiner gréng Luucht vun der Gemeng fir och dëst Joer hier Bëschfester am Bommertbësch ofzehalen. D’Käerjenger Musek huet de Week-End vum 11ten an 12te Mee den Optakt vun der Saison mat hierem Bëschfest gemaach. Och wann d’Wieder eis Samschdes e Strëch duerch d’Rechnung gemaach huet, […]